En neie Bléck op d’Lëtzebuerger Geschicht | #Luxembourg #History #Europe | Luxembourg (Europe) | Scoop.it
Déi 12 Konferenzen versichen ënnert dem Titel “E neie Bléck op d’Lëtzebuerger Geschicht” an enger metanationaler Perspektiv an d’Geschicht vu Lëtzebuerg vun der Virgeschicht bis an d’21. Jorhonnert anzeféieren.

Vun der Vir- a Fréigeschicht, der keltescher an der gallo-réimescher Epoch, dem Willibrord an dem Sigfrid, dem Entstoe vun enger Grofschaft, dem Ausgräife nom réimesche Keesertroun an der béimescher Kinnekskroun, de burgundeschen an habsburgeschen Herrscher bis bei d’Hexeverfolgungen a de Mariekult, d’Entstoe vun engem eegestännege Staat, déi wirtschaftlech Entwécklung am 19., 20. an 21. Jorhonnert, den 1. an den 2. Weltkrich, d’Integratioun an Europa, déi demographesch an déi kulturell Entwécklung am spéiden 20. a fréien 21. Jorhonnert: d’Geschicht vun deem Raum, deen haut Lëtzebuerg heescht, ass net ze verstoen ouni Bléck op dat wat ronderëm an a ganz Europa geschitt.

D’Konferenzen a Lëtzebuerger Sprooch riichten sech u jiddereen, deen Interessi fir d’Lëtzebuerger Stad- a Landesgeschicht huet. Wee wëllt, ka sech mat engem vun dësen zwee Bicher virbreeden:
Michel Pauly, Geschichte Luxemburgs (Reihe C.H. Beck Wissen 2732), Beck Verlag, München 20132, 128 S.
Michel Pauly, Histoire du Luxembourg (coll. Références 31), Editions de l’Université de Bruxelles, Bruxelles 20172, 152 p.

 

Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:

 

https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=History